Skip to content

{ Category Archives } Lëtzebuergesch

An dëser Kategorie befanne sech all d’Bäitreeg déi op lëtzebuergesch geschriwwe sinn.

Time out

Well meng Fräizäit an den nächsten 8 Wochen souwuel privat (Ausraume vum Appartement a Plënneren an dat neit Heem) wéi och berufflech (Endspurt vum lafende Schouljoer an Organisatioun vum nächste Schouljoer) extrem knapp bemooss ass, wäert mäi Blog bis den Ufank vun der Summervakanz just nach op Schmalspur fueren. Am Kloertext heescht dat, dass di [...]

Tagged

Dogwalk 3: Riskin’ It All (D-A-D, 1991)

Dëst ass di 3. Folleg vun enger Serie, déi ech am Januar gestart hunn an déi lo hiren eegenen Tag huet. Den Titel weist drop hin, dass um Ufank vun all Artikel e Spadséiergang mat mengem Mupp steet, während deem ech mer ee bestëmmten Artist oder Wierk op mengem iPod ulauschteren iwwer deen respektiv dat [...]

Tagged , , , ,

Blogito ergo sum?

De Federico huet viru kuerzem op sengem Blog e sarkasteschen Artikel geschriwwen, an deem hie sech mat der (On-)Wichtegkeet vun de meeschte Blogs ausernee setzt. Kuerz zesummegefaasst kéint ee soen, dass hien der Meenung ass, dass de Gros vun de Blogger nëmme Bullshit an d’Netz setzt, wouvun déi Lëtzebuerger Blogger dann och net ausgeholl sinn, [...]

Tagged , , , , , ,

Au boulot!

D’Vakanz ass eriwwer, a weider.

Tagged , , , , ,

Keng Plaz méi.

Am Spidol ass keng Plaz méi.
Am Pflegeheim ass keng Plaz méi.
Am Seniorenheem ass keng Plaz méi.
Am Altersheem ass keng Plaz méi.
Am Internet ass Plaz:

http://www.youtube.com/watch?v=O_-mua1EpYA

Interessant am aktuelle Kontext vun der Diskussioun ëm d’Euthanasies-Gesetz si folgend Sätz:
Hien ass fir d’Euthanasie.
Si ass géint d’Euthanasie.
oder:
Hien huet Depressiounen.
Si mécht Selbstmord.
Si sou Sätz vum pädagogesche Standpunkt hier iwwerhaapt vertrietbar an engem [...]

Tagged ,

bloGeescht reloaded

Ech hunn da mëttlerweil och op WordPress 2.5 opgerüst a si virun allem ganz begeeschtert, dass den Upgrade ouni Problem binnen enger halwer Stonn opgespillt, an de Site mat der neister Versioun vum Barthelme-Theme an – souwäit ech et momentan iwwerblécken – och mat all den installéierte Plugins zesummeschafft. Dank dem Thierry sengem Hiweis gesäit [...]

Tagged , , ,

Dogwalk 2: Songs for Drella (Lou Reed/John Cale, 1990)

Dëst ass di 2. Folleg vun enger Serie, déi hei ugefaangen huet. Den Titel weist drop hin, dass um Ufank vun all Artikel e Spadséiergang mat mengem Mupp steet, während deem ech mer ee bestëmmten Artist oder Wierk op mengem iPod ulauschteren iwwer deen respektiv dat ech da schreiwe wäert.

De Lou Reed ass e Genie. [...]

Tagged , , ,

Sweeney Todd: The Demon Barber of Fleet Street

Fir déi, déi keng Loscht hu vill ze liesen, verweisen ech einfach heikuhin.
De leschte Freideg war ech endlech mol rëm an de Kino Le Paris. Et gëtt och héich Zäit, dass ech nach e bëssen dovu profitéiere fir zu Fouss kënnen an de Kino ze goen. Op der Affiche stoung de Sweeney Todd vum Tim [...]

Tagged , ,

Fearfox

De Firefox mécht mer Angscht. Ech hunn de Moie mat Schrecke gemierkt, dass de Layout vu mengem Blog vum Firefox komplett verzu gëtt. Deen onerfreeleche Phänomen ass plattformiwwergräifend, souwuel um Mac wéi ënner Windows gëtt d’Startsäit falsch duergestallt. Den Internet Explorer *staun* weist d’Säit wéi de Safari, nämlech propper un. Ech weess net u wat [...]

Tagged , ,

PPP & CDDB

Wéi ech gëschter d’CDen zu den Epreuves standardisées fir de Passage primaire postprimaire (PPP) am iTunes importéiert hunn, weist d’Gracenote CDDB mer folgend Informatiounen un:

Mäin éischte Gedanke war, dass sech een e Witz erlaabt hätt, a falsch Donnéeën bei Gracenote erageschéckt hätt. Ech hunn du mol no där Band gesicht an d’Myspace-Säit vun Ogre, enger [...]

Tagged , , ,