Dëst ass di 3. Folleg vun enger Serie, déi ech am Januar gestart hunn an déi lo hiren eegenen Tag huet. Den Titel weist drop hin, dass um Ufank vun all Artikel e Spadséiergang mat mengem Mupp steet, während deem ech mer ee bestëmmten Artist oder Wierk op mengem iPod ulauschteren iwwer deen respektiv dat ech da schreiwe wäert.
No enger Formatioun aus dem Vereenegt Kinnekräich an zwéi Museker aus de Vereenegte Staaten ass et dës Kéier un enger Band aus Skandinavien, méi genau aus Dänemark. Den Numm vun där Band war am Ufank eigentlich Disneyland After Dark wouriwwer den Disney-Konzern awer net sou amused war, wéi D-A-D 1989 op eemol an den USA bekannt gi waren, sou dass si sech vun deem Moment un D.A.D, duerno D:A:D genannt hunn, a schliisslech bis haut D-A-D nennen. Sou ass dat eben mat Leit, déi sech op eemol selwer fir hir eegen Erfindung halen, déi verstinn einfach kee Spaa$$. Dobäi ass de Spaassfaktor souwuel an der Musek wéi och an de Lyrics vun den éischte Wierker vun D-A-D regelméisseg unzetreffen, hei e Beispill: Counting the Cattle.
Den Album deen ech lo hei virstellen, ass fir mech dee beschte vun den Disken déi D-A-D am ale Joerdausend produzéiert hunn. Déi Meenung ass héchstwahrscheinlech zimlech subjektiv, well dëst deen alleréischten Album vun hinne war, deen ech mer ugelauschtert hat, mä well et bei mir gutt geklappt huet fir d’Léift zur Musek vun D-A-D mat dësem Album ze entfachen, firwat sollt ech dann net och anere roden mat deem Album unzefänken? Wéi nach sou munch aner gutt Musek (z.B. Songs for Drella) hunn ech iwweregens och D-A-D Mëtt der 90er Joeren duerch den S. kennegeléiert, vun deem ech mech viru kuerzem op engem CD iwwerzeege konnt, dass hie säi 6-säitegt Instrument nach ëmmer gutt beherrscht. Hehe, dat waren nach Zäiten: Cowboy-Stiwwelen, Lieder-Box an -Gilet, an dann an engem ominöse Keller zu Rodange mat um Bass gejammt *_*
Komme mer awer zum Album. ‘Bad Craziness’ heescht den Opener an et ass domat scho kloer wéi eng Musek hei gespillt gëtt, nämlech vu melodiöse Riffs geprägten (Hard-)Rock. D’Lyrics vun D-A-D hunn och eppes ze erzielen, an …
… esou geet et direkt weider mat ‘D・Law’, wat gesongen als ‘Disneyland Law’ riwwerkënnt an esou straight wéi de Rock vun Jesper Binzer, Stig Pedersen, Jakob Binzer an Peter Lundholm Jensen heescht et hei:
‘Coz by the order of the police’n’sweet olde Walt
Yeah! We do as we please…
It’s the Disneyland law - Disneyland law
And we don’t need no more no
‘Day Of Wrong Moves’ ass dat Lidd, dat een sech ulauschtere soll, wa mol rëm eng Kéier getrei Murphy’s Law alles schif gelaf ass. Och wa sou Deeg déck nerven an een dann och vläicht net onbedéngt Loscht huet fir sech nach Lidder unzelauschteren déi genau sou eng Situatioun beschreiwen, sou fannen ech d’Musek vun deem Lidd iergendwéi opbauend, vläicht well se Loscht op méi Musek mécht, a Musek war nach ëmmer e gudde Frënd a schwirege Situatiounen.
Richtegen Hard-Rock gëtt et da mam nächsten Track ‘Rock ‘n’ Rock Radar’ ze lauschteren, woubäi dee séchere (Flug-)Hafen fir D-A-D an der leschter Zeil optaucht, wat och vläicht eng Undeitung drop war, dass D-A-D vu Warner dat Joer nom Erschénge vun dësem Album fale gelooss gi sinn.
Ee vun den Highlights vun dësem Album ass ‘I Won’t Cut My Hair’ wat am Fong eng Hymn op déi an der Hard-Rock- a Metal-Szen net onüblech laang Hoer ass. “Hymn” ass musikalesch zwar vläicht dat falscht Wuert, mä ech weess lo keen anert Wuert … Luefgesang? Dat heiten ass dann d’Geleegenheet fir zouzeginn, dass dat Lidd mech och eng Kéier dozou inspiréiert hat, eng länger Zäit net bei de Coiffer ze goen. Ech hat et awer mol keen halleft Joer laang ausgehalen well dat laangt Fönen mech normalerweis op eemol esou nervt, dass ech mer schlussendlech dann awer d’Hoer schneide loossen.
‘Down That Dusty 3′rd World Road’ ass en zimlech rouegt Lidd, wat vum Stil hier méi un déi éischt Alben erënnert an esou e bëssen wéi en Interlude wierkt. Ass awer ganz gefälleg.
An ‘Makin’ Fun Of Money’ heescht et: It ain’t the money you got / No it’s the money you spend. Wéi wouer. Musek: hard.
‘Grow Or Pay’: Mäin absolute Favorit vun D-A-D, wéi een et och a mengen Last.fm-Statistike gesäit. Et ass eent vun deene Lidder wou d’Musek einfach sou gutt bei den Text passt, dass ech am léifsten iwwerall wou ech et lauschteren, haart matsange géif.
‘Smart Boy Can’t Tell Ya” an ‘Riskin’ It All’ zeechnen sech allebéid duerch gefälleg haart Gitar-Riffs aus, woubäi am Titel-Song och nach e Gitar-Solo dobäi kënnt, deen awer ze kuerz ausfält, vu que dass d’Lidd manner wéi 3 Minutten dauert.
De kréinenden Ofschloss vun dësem gelongenen Album ass dat mat akustescher Gitar mat Stolesäite gespilltent ‘Laugh ‘n’ A 1/2′, e Lidd wat ech zu menger grousser Freed schonn eng Kéier live héieren hunn, allerdéngs net vun D-A-D, mä vun enger lëtzebuergescher Band (déi et haut net méi gëtt) an engem Café virgedroen. An et war iwweregens den S. deen op senger Takamine d’Melodie gespillt huet.








Post a Comment