De Federico huet viru kuerzem op sengem Blog e sarkasteschen Artikel geschriwwen, an deem hie sech mat der (On-)Wichtegkeet vun de meeschte Blogs ausernee setzt. Kuerz zesummegefaasst kéint ee soen, dass hien der Meenung ass, dass de Gros vun de Blogger nëmme Bullshit an d’Netz setzt, wouvun déi Lëtzebuerger Blogger dann och net ausgeholl sinn, mam Ënnerscheed, dass de “Schissi” an der Blogbuerg wuel kaum der Dimensioun vun deem gerecht géif ginn, wat e richtege Stéier produzéiere kann.
Ech respektéieren dem Federico seng Meenung, déi jo och dem Chris senger ze entsprieche schéngt, mä ech war trotzdem frou, als Géigegewiicht e bësse méi wäit dem Fireball säi Kommentar ze liesen. Nodeems d’Blogstierwen zu Lëtzebuerg jo scho virun 3 Méint thematiséiert gi war, den Thierry an de Chris sech viru kuerzem och zréckgezunn hunn (op d’mannst deelweis), stellt de Federico mat senger Ausso “Ech kinnt ganz gudd ouni mäi Blog liewen, ech brauch en nët” mëttlerweil also och d’Existenz vun no0dle.kicks-ass.org a Fro.
Ass et an deem Kontext Zoufall, dass ech zënter enger gewësser Zäit schonn drun denken, fir mol iwwert d’Ringmauer vun der Blogbuerg ze kucken a mech op Feeds vun auslännesche Blogs ze abonnéieren? Déi rezent Entwécklung bei de lëtzebuergesche Blogs mécht mer dës Décisioun op jidde Fall méi einfach, well et an de Stousszäite vun der Blogbuerg schwireg ass fir alles mat där Gründlechkeet ze liesen an eventuell och ze kommentéieren wat mech méi staark interesséiert.
Wat meng perséinlech Aktivitéit als Blogger ubelaangt fannen ech net, dass ech den Usproch hätt, fir am Internet als “Berühmtheet” ze gëllen an de Fait, dass d’duerchschnëttlech Zuel vu Visiteuren op dësem Blog kontinuéierlech zougeholl a bloGeescht mëttlerweil eng Technorati-Authority vun 13 huet heesche fir mech och net, dass d’Welt op dee Contenu deen ech hei online setze gewaart huet. Wéi ech awer schonn op menger About-Säit geschriwwen hunn denken ech, dass do wou Kommunikatioun stattfënnt (deemno och op engem Blog besonnesch mat Hëllef vun der Kommentar-Funktioun) Perséinlechkeete sech weiderentwéckle kënnen. Et ginn natierlech vill aner Forme vu Kommunikatioun, an d’Blogosphär respektiv den Internet kann a soll déi net-virtuell Formen net ersetzen, erméiglecht awer mat Hëllef vun Technologie fir méi Kommunikatiounspartner z.D. onofhängeg vum Zäitfaktor mateneen ze verbannen. Et däerf och net vergiess ginn, dass wéi bei alle Medien am a mam Internet och schlecht Ziler verfollegt ginn. Firwat also grad d’Säite vu Privatpersoune kritiséiere déi mat hirem klenge Bäitrag am Web keng gréisser Ambitiounen hu wéi sech engem méi oder manner grousse Stammpublikum matzedeelen, a sief et just wéinst dem Spaass un der Saach?







{ 7 } Comments
Wat deng Iwwerleeungen uginn, ginn ech der zumols beim leschten Abschnitt vollkommen Recht. An genau dee perséinlechen Aspekt gefällt mir vis-à-vis vun den traditionellen Medien sou gudd un der Bloggerszen.
An ech kommen erem, ech maachen just aus enger Rei Grënn mat sad autumn eng Paus. ;)
Et ginn am Ausland effektiv eng ganz Rei interessant Bloggen, do fënns de garantéiert Saachen déi der gefalen.
“Perséinlechen Aspekt”: Dat ass effektiv d’Haaptargument firwat perséinlech Blogs – déi fir mech ganz kloer vu professionnelle Blogs ze ënnerscheede sinn – och ouni aktiver Kommentar-Funktioun eng Daseinsberechtegung kënnen hunn. Wann een eppes weise wëll, an de (virtuellen) Raum stelle wëll, dann ass den Internet eng immens Hëllef. Dem Auteur säi Besoin eppes ze publizéieren ass dee Moment erfëllt an et ass op déi Manéier vläicht iergendwou ee Mënsch e bësse méi zefridden. A wann et net de Goût vun anere Mënschen trëfft oder bewosst just provozéieren an Oflehnung ervirruffe wëll, da gëtt jo och kee gezwongen déi Säite kucken ze goen, respektiv drop ze verweilen, wann een duerch Zoufall do land.
Dass du wëlles hues erëmzekomme freet mech, a fir éierlech ze sinn, et wonnert mech net. ;)
Ech gesinn de Problem net? Et soll ee blogge, wann ee Loscht huet. A net blogge, wann ee keng Loscht huet … ;)
An am Ausland ginn et definitv och interessant Bloggen, mäi Google Reader huet 100+ Feeds … allerdëngs sinn die mannsten Bloggen, déi sech mat dem Privatliewen vun hierem Auteur befaassen … well dat interesséiert mech wirklech net sou.
Mat “perséinlech” hunn ech am Fong net sou direkt d’Erziele vu privaten Erliefnësser mä éischter perséinlech Reflexiounen iwwert Erlieftes respektiv iwwer d’Allgemengheet betreffend Sujetë gemengt, e bëssen dat wat s du denge Lieser an dengem Blog jo och bidds.
An däin éischten Abschnitt bréngt et ganz kuerz op de Punkt, woubäi ech “bloggen” dann souwuel an der aktiver wéi der passiver Versioun verstinn. :)
Däin Artikel ass duechaus gudd, och wanns de nodeems de mäin Text gelies hues eigentlech selwer vill dobäinterpretéiert hues, oder aanescht gesot d’Gewiicht vu menger Ausso dat vill Blogger sech ze eescht huelen méi op d’Ausso dat e Blog oft nëmmen e klenge Schissi ass verlaagert, wat am Fong nët meng Haaptausso ass.
Natierlech hunn ech (mat vill Sarkasmus) behaapt dat - nach méi verallgemengert - all Blog deen nët méi wéi honnertdausend Hits pro Dag huet éischter Schissi ass wi soss eppes, mais dat sollt éischter just eng (iwwerdriwwen) Randausso sinn. Ech soen nët dass sou e klenge Blog awer keng Daseinsberechtegung huet, oder nach méi schlëmm, dat en keng Aussagekraaft oder kee wichtege Message hätt.
Ech wollt vill méi dorop hiweisen dat de Blog fier vill Leit eppes wéi e Podest ass wou sech hieren Ego kann dropgestellen, dat se sëch heinsdo bei der Wichtegkeet oder éischter Popularitéit gewalteg verschätzen (ech soen nët dass keen wichteg ass), an sou de Blog zum Beispill zum Deckschild ka ginn oder als Moyen fier sech ëmmer fei rauszebotzen.
E klengt, wierklech ganz banal Beispill: jiddreen kennt di Petitiounen géint all méigleches am Internet … géint Gen-Food an Schoulkantinen, fier Gratis-Glacen, méi Velosspueren, géint Tierquälerei oder fier den Tibet. Am Fong all fier e gudden Zweck, mais 90% dovun notzlos. Et ass just dofier gudd fier perséinlech e Statement ze man an soen ze kënnen “ech sin dofier/dogeint an hun eppes gema”, mais am Fong mëscht ee guernäischt ausser eng virtuell Ënnerschrëft. Ech gesin dat ähnlech bei de Blogs: vill Leit mengen se hätten lo eppes Grousses vollbruecht wann se iwwert den oder den Problem schreiwen, oder souguer beispillsweis nëmmen op e Link vun Spon oder sou verlinken. Ech soen nët, dass dat schlecht ass! Dat muss och sou sin, mais Bloggen dierf nët en Alibi dofier ginn fier selwer aktiv am Liewen näischt méi zu futtéiren. Well ganz éierlech, am Internet e puer Zeilen posten oder virtuell signéiren ass vill méi séier gema an manner emständlech wéi bäi enger Demo matzemaachen, gell?
Ech hoffen ech hun mech net allzevill onkloer ausgedreckt, an wéi gesot, dat ass net perséinlech géint iergendeen Geriicht, well ech wees zum Beispill dat ënnert eis Lëtzebuerger vill Leit sech och ganz vill nierft hierem Blog engagéiren, mais dat hun ech wins der (opmannst gewolltener) Objektivitéit vu mengem Post net erwähnt.
Méng Ausso, dass de Federico sech opgrond vun engem Gespréich mat mir inspiréiert gefillt huet, dat ze schreiwen, ass net gläichbedeitend domadder, dass ech him zoustëmmen. Gutt, gréisstendeels ginn ech him zwar Recht, mee mäi Standpunkt an der Diskussioun war nach en aneren.
federico:
Merci fir deng Kloerstellung. Ech ginn zou, dass ech mech a mengem “Résumé” vun dengem Post op dat Prägnanst beschränkt hunn an deemno dengem Haaptuleies net genuch Rechnung gedroen hunn. Mä dat ass eben de Risiko bei sarkastesch geschriwwenen Artikelen: dat wat beim Lieser hänke bleift ass dat wat hien deen éischte Moment am meeschten usprécht. ;) Ausserdem hat ech keng Loscht eng grouss Textanalys viru mäi Post ze schalten, well vu que dass mir eis net perséinlech kennen, wier mer dat net onbedéngt sou nëtzlech gewiescht bei der Interpretatioun vun dengem Post.
Wat lo deng Ausso “Bloggen dierf nët en Alibi dofier ginn fier selwer aktiv am Liewen näischt méi zu futtéiren” ugeet, do ginn ech der vollkommen Recht. Allerdengs ass dat schwéier miessbar, zu wéi engem Deel dat effektiv de Fall ass ënnert de Bloggeren. Du sees, du kenns der selwer genuch fir ze wëssen, dass vill Leit sech nieft hierem Blog engagéieren, mä wéi gesäit d’Wierklechkeet aus beim ganzen Echantillon? Dat dierft wuel net sou einfach rauszefanne sinn, vu que dass jo och net jiddereen seng Identitéit op sengem Blog präisgi wëll. An dann ass et am Fong och egal. Jiddereen dee sech fir eng gutt Cause asetzt, ass bestëmmt keen ze mann.
Iergendwéi mengen ech, dass mir vum selwechten hallef gefëllte Glas schwätzen, mir gesinn et just aus eiser eegener Perspektiv vläicht méi voll oder méi eidel. ;)
Chris:
Ech wollt eigentlech och net mat mengem Verweis op däi Kommentar soen, dass du domat dem Federico säi Post ënnerschriwwen häss (dofir hat ech jo och “schéngt” benotzt), mä et huet einfach gehollef den Term “Géigegewiicht” ze rechtfertegen. ;)
Post a Comment