Skip to content

Dogwalk 2: Songs for Drella (Lou Reed/John Cale, 1990)

Dëst ass di 2. Folleg vun enger Serie, déi hei ugefaangen huet. Den Titel weist drop hin, dass um Ufank vun all Artikel e Spadséiergang mat mengem Mupp steet, während deem ech mer ee bestëmmten Artist oder Wierk op mengem iPod ulauschteren iwwer deen respektiv dat ech da schreiwe wäert.

Dogwalk 2

De Lou Reed ass e Genie. Ech fannen nämlech, dass souwuel ee vun de beschten (New York, 1988) wéi och ee vun deene schlechtesten am schwéiersten ze erdroenen Alben (Live: Take No Prisoners, 1978) a menger Plakkesammlung vun him sinn. Dat muss ee mol fäerdeg bréngen, momentan fält mer keen aneren an.

Vum John Cale kennen ech net genuch Musek fir deeselwechte Statement genausou spontan iwwert hien ofzeginn. Et schwätzt awer villes dofir, z.B. dass et jo net fir d’éischt virkomm ass, dass zwee Alpha-Museker net laang mateneen eens ginn. Sou och geschitt no den Opnamen vun dësem Album, wou de Cale anscheinend e Gelübde ofgeluegt hat, ni méi mam Reed zesummenzeschaffen. 3 Joer méi spéit ass hien du mat The Velvet Underground erëm duerch Europa getourt.

Songs for Drella‘ ass e Konzept-Album, deen Reed/Cale dem Andy Warhol gewidmet hunn. Ech hu Plakke gären, déi ee Gesamtwierk duerstellen, an normalerweis lauschteren ech déi dann och vum éischte bis d’lescht Lidd an der Reienfolleg vun der Playlist.

Den Album fängt akustesch mat Piano un, d’Lyrics vun ‘Smalltown’ (gesonge vum Lou Reed) drécken aus firwat et den Andy Warhol net zu Pittsburgh gehalen huet. Ënner Klengstad verstinn ech zwar eppes aneschtes, mä d’Ville de Luxembourg ass jo och net New York City.

Bei ‘Open House’ gesellt sech dem Lou Reed seng Gitar zum John Cale senge Keyboards fir e rouegen, musikaleschen Hannergrond ze bilden, deen den Takt ugëtt fir eng Zort Spriechgesank an deem de Lou Reed dem Andy seng Liewensgewunnechten zu New York beschreift. Et ass eent vu véier Lidder, déi méi wéi 4 Minutte laang sinn, di meescht vun de 15 Lidder vum Album sinn also éischter an engem kuerze Format, wat bei deene meeschte Konzept-Alben déi ech kennen éischter ëmgedréint ass.

‘Style It Takes’ ass eng ganz schéi Ballad, gesonge vum John Cale, ouni Piano, dofir awer mat Braatsch a Gitar, déi sech quasi fléissend un ‘Open House’ ureit fir dann am krasse Géigesaz zum nächsten Titel ‘Work’ ze stoen.

Dem Lou Reed seng verzerrte Gitar a säi Gesank gi virun dem Piano den Toun un, wann et drëm geet dem Warhol säin Aarbechtsäifer ze beschreiwen: “the most important thing is work”.

Dat nächst Lidd ‘Trouble With Classicists’ fängt rëm mat Spriechgesank (déi Kéier vum John Cale) a Piano un, fir dass am Refrain d’Gitar den Trouble ënnersträichen hëlleft. Am Lidd gëtt dem Andy Warhol säin Interesse fir d’Sprayeren verdäitlecht, de folgende Vers muss awer net onbedéngt just fir de Konschtunterrecht gëllen: “I think sometimes it hurts you when you stay too long in school”.

‘Starlight’ erënnert vum Stil hier un ‘Work’, et geet dobäi ëm dem Warhol seng Aktivitéiten an der Filmszen.

Den John Cale fiert duerno rëm méi roueg a gesangzentréiert mat ‘Faces And Names’ weider. D’Keyboards spillen am Hannergrond während d’Gitar d’Vocals begleed. Och wann de Warhol et begréisst hätt, wann d’Gesiichter an d’Nimm all tselwecht wieren, sou wier d’Welt dann awer wahrscheinlech langweileg. Op där anerer Säit froen ech mech heiansdo, ob een d’Leit net och mat Tags klassifizéiere kinnt.

Fir deen nächste Kontrast suergt de Lou Reed mat ‘Images’, wat relativ hefteg dohier kënnt an esou e visuellen Overkill och musikalesch passend ëmsetze kann.

‘Slip Away’ gëtt a Klameren och nach als ‘A Warning’ uginn, de Lou Reed beséngt mat wéineg Musek d’Angscht vum Warhol ob eng Factory déi notamment wéinst dem Mordversuch un him net méi wéi en Open House gefouert sollt ginn net genee de Contraire bei him bewierke géif wéi Schutz.

‘It Wasn’t Me’ beschäftegt sech mat Gewëssensbëss, am Booklet vum CD steet dozou: “The mortality rate at the Factory is rather high and some blame Andy”. D’Gitar kléngt herrlech ukloend.

An ‘I Believe’ geet et ëm Vergeltungswënsch an Einsamkeet provozéiert duerch dee missgléckte Mordversuch um Artist. Gitar a Piano si genausou staark wéi dem Lou Reed seng Vocals.

‘Nobody But You’ dréckt aus, dass den Andy Warhol d’Attentat zwar iwwerlieft hat, mä dass hien duerno awer net méi deeselwechte war. Zimlech resignéierend kléngt dann och de Schluss vum Lidd: “Nobody like you, a nobody like you, all my life – It’s been nobodies like you”

An ‘A Dream’ erzielt den John Cale e fiktive Gedankegank aus der Siicht vum Andy Warhol wou hien ënner anerem un di zwee Auteure vun ‘Songs for Drella’ denkt. Den Text ass leider net am Booklet enthalen, mä kann awer dank Internet bei LyricWiki nogelies ginn, ech fannen et ass den Héichpunkt vun der Geschicht déi dësen Album verzielt, och wann d’Musek dobäi ‘just’ am Hannergrond leeft. Op jidde Fall kéint ech mer dee Genre och gutt an engem Podcast virstellen.

Den John Cale séngt no senger Erzielung nach ee lescht Lidd. ‘Forever Changed’, ech fannen den Titel seet genuch aus, ausser iwwer d’Musek, weiderhin diskrete Piano a ruppeg Gitar.

Den idealen Ausklang vun dësem gelongenen Album an deem d’Museker sech mam Verloscht vun hirem Frënd auserneesetzen mécht schliisslech ‘Hello It’s Me’ an deem den John Cale dann rëm d’Braatsch amplaz vum Piano spillt.

Et sief nach drop higewisen, dass den Titel vum Album am Booklet den Zousaz ‘A Fiction’ enthält. A menger iTunes-Bewäertung hunn ech dem Album 5 Stäre ginn. Eenzel Titele bewäerte mécht a mengen Aen bei sou engem Album net vill Sënn, mäi Favorit ass awer duerch den Ausdrock “ganz schéin” an dësem Review gekennzeechent.

{ 4 } Comments

  1. Chris | 28. March 2008 at 11:11 | Permalink

    Ech hunn deen Album do selwer na ni héiren, mee ech sinn e groussen Amateur vum Lou Reed an dofir kënnt e lo mol op méng Amazon Wonschlëscht. :)

  2. Georges | 28. March 2008 at 11:29 | Permalink

    Gutt Iddi. Du kanns jo mol virdrun bei Deezer eralauschteren. :)

  3. sara | 28. March 2008 at 19:37 | Permalink

    Ja, endlech as se do! :)
    An obwuehl ech weder en groussen Warhol-Fan sin, nach mech schon bewosst mat Lou Reed userneengesat hun, kléngt déng Beschreiwung vun der Instrumentéirung sou gud, dass ech dat demnächst mol probéiren - den Deezer-Tipp as unkomm :)

  4. Georges | 28. March 2008 at 20:34 | Permalink

    Ech weess, dass et vill ze laang gedauert huet. Den Ufank louch schonn op d’mannst 6 Woche laang als Draft am Wordpress-Backend, mä ech krut mech bis gëschter einfach net motivéiert dozou. Dofir verspriechen ech awer, dass di nächst Folleg net sou laang op sech waarde loosse wäert, well soss erreechen ech wuel ni déi uviséiert Moyenne vun enger Folleg pro Mount. :-/

    Den CD ass jo am Fong réischt no der Live-Opféierung am Studio opgeholl ginn. Ech géif de Video vun der Live-Performance nawell gären eng Kéier gesinn, mä laut Wikipedia-Artikel ass e just op VHS a Laserdisc rauskomm. E VHS-Player hunn ech jo nach, mä wou d’Kassett opdreiwen?

    An d’Instrumentéierung ass wierklech derwäert: e ganzen CD ouni Percussioun an et vermësst een se mol net. :)

{ 1 } Trackback

  1. [...] dann net och anere roden mat deem Album unzefänken? Wéi nach sou munch aner gutt Musek (z.B. Songs for Drella) hunn ech iwweregens och D-A-D Mëtt der 90er Joeren duerch den S. kennegeléiert, vun deem ech [...]

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *