Skip to content

Les jeunes mélancoliques am d:qliq

Haut den Gëschter Owend war dann endlech di éischt, schonn oft ugekënnegt Blogger-Liesung zu Lëtzebuerg an ech hat d’Chance dobäizesinn.

Den Ufank war fir 21:00 ugekënnegt a mat dem Arrival vum Joël, Thierry an Sara (deen engleschen Terme gefält mer besser wéi dee franséischen bei deem ech éischter un den Tour de France denken wéi un d’Optauchen vun enger Band) ass et dunn e Stack méi héich am d:qliq gaangen wou d’Publikum sech relativ séier eng Sëtzplaz gesicht huet iwwerdeems déi 3 Auteuren op der klenger Bühn Plaz geholl hunn, jiddereen e Mikrostänner virum Stull. Nodeem s de Joël eng kleng Intro mat Erklärunge ginn hat fir déijéineg am Publikum, déi di respektiv Bloggen nach net kannt hunn, huet den Thierry mam Manifest vun Les jeunes mélancoliques den Ufank gemaacht. Eigentlech hätt ech duerno schonn d’Bedürfnis gehat, ze klappen, allerdengs ass d’Liesung relativ nahtlos weidergaangen andeem s den Thierry de Mikro weidergereecht huet. Vu que dass ech souwuel bei Concerten wéi och bei aner Bühneveranstaltungen awer am Ufank ëmmer méi zréckhalend sinn wéi zum Schluss, hunn ech mam Applaus net den Ufank gemaacht an dat anere Leit iwwerlooss. Wéi dunn no e puer Texter deen éischte Beifall komm ass, ass mer dat wéi eng Befreiung virkomm. De Fait, dass deen Applaus net schonn nom éischte Lidd Text komm ass, läit awer héchstwahrscheinlech drun, dass een esou eng Virstellung einfach net gewinnt ass. Wann een 3 Acteuren op enger Bühn gesäit wou lénks a riets donieft nach eng PA Anlag opgeriicht ass, dann erwaart een sech jo vläicht och eng deementspriechend Beschallung. Musek ass awer nëmmen an der Paus gespillt ginn. Vläicht hätt eng passend musikalesch Ënnerstëtzung de Fonken éischter iwwersprangen gedoen. Deemno wier ze hoffen, dass vläicht e puer Museker oder DJen de Mouvement an Zukunft verstäerke kommen.

Rockt déi Literatur dann elo sou ganz ouni Musek wäerten déi sech froen, déi net do waren. Ech menge schonn, dass se dat mécht – wann och vläicht net am klassesche Sënn. Dat wat di 3 Auteuren virgedroen hunn war jo eng Auswiel vun hire beschten Texter a kënnen deemno och als “Hits” bezeechent ginn (wat d’Bedreiwer vun de Bloggen sécherlech och mat Zuelematerial ënnerleeë kinnten). Vu que dass ech déi 3 Bloggen och als Feed abonnéiert hunn, konnt ech mech bei villen Texter drun erënneren, dass ech se schonn emol gesinn respektiv gelies hat. E gewëssen Déjà-vu läit also iwwer mengem Erliefnis, et wier dowéinst interessant wéi e Review vun engem (nach) net-Reader vun de Bloggen ausfale géif. Nieft der gelongener Auswiel vun den Texter huet de Kontakt zum Publikum sécherlech och dozou bäigedroen, dass d’Liesung d’Nolauschterer/Zuschauer bewegt huet (heimat mengen ech net d’Opfuerderung fir sech an der Paus eppes ze drénke sichen ze goen). Virun der Paus huet de Joël souguer – blogging oblige – Interaktivitéit erméiglecht andeem s en dem Publikum ugebueden huet Froen ze stellen wouvun awer net profitéiert ginn ass (wat mech un de Blogklumpen erënnert huet, wou et jo och wahrscheinlech méi Lieser wéi Kommentatoren gëtt).

Wien huet mer dann elo am beschten gefall? Schwéier ze soen, jiddereen op seng Manéier. De Joël fir seng den Nolauschterer vun A&S net onbekannt Art a Weis seng Texter virzedroen, wat den Effekt vu gewëssen Texter op den Empfänger nach verstäerkt. Den Thierry fir hien no der Bouneschlupp mol eng Kéier op englesch ze héieren (obwuel ech vum Tempo hier zwar leider net sou gutt dobäi nokommen wéi wann ech seng Texter liesen) an d’Virliesen aus der Generation der Hoffnungslosen. D’Sara fir das verlorengegangene Lebensgefühl an d’Leti ersat ze hunn. Dat Wichtegst war och vläicht einfach ze mierken, dass do net nëmmen 3 eenzel Auteuren souzen, mä eng Band vun Auteuren. A si ware jo mol nach net vollzähleg op der Bühn. Ech freeë mech deemno schonn op den nächste Gig, eventuell a vollstänneger Besetzung (an w.e.g. mat Musek ;) ).

En éischte Réckbléck mat Merci :) fënnt een beim Thierry. Weider Fotoen a souguer Videoausschnëtter sinn och do ugekënnegt.

{ 3 } Comments

  1. Thierry | 28. December 2007 at 3:23 | Permalink

    Wahnsinn, schon déi éischte Kritik. An och nach eng positiv. Merci. :)

    Dat mam Applaus hunn ech souguer op der Bühn gespuert. Ech wollt do awer och net soen d’Leit dierfte roueg klappen, dat hätt mer ze agebillt gewierkt. :)

    Wat Musék ugeet do hate mer eis ursprünglech och iwwerluecht een DJ ze froen fir e bessen indie-electronica ze spillen, mee deen DJ huet sech herno nemmi gemellt an am Endeffekt froen ech mech op et sou net besser war. Mir hätten relativ laang gebraucht fir déi richteg Musék bei de richtegen Text ze setzen, well et soss zevill ofgelenkt hat. Mol kucken, wann et eng zweet Liesung gett, wéi mer et dann maachen. Ech wees awer net op et eppes um Applaus geännert hätt, d’Situatioun wier trotzdeem nach friem gewiecht…

    Wat ech sou vu Leit gesot kruten déi d’Bloggen net liesen, sinn d’Texter gudd ukomm. Eventuell kéinnt een sech fir déi nächst Liesung awer iwwerleen e puer Texter firzeliesen déi nach net veröffentlecht goufen, fir och de Stammlieser eppes Neies ze bidden.

    Et freet mech, dass et sech och fir d’Publikum sou ugefillt huet wéi wann e Kontakt dogewiecht wier. Dass mer als “Band” gewierkt hunn freet mech ganz besonneg, well dat beweist dass mer tatsächlech eng Literaturbeweegung sinn. :)

  2. Georges | 28. December 2007 at 15:24 | Permalink

    Mat Musek wier sécherlech e weidere Preparatiounsopwand, d’Musek misst d’Vocals jo ergänzen an net dovun oflenken, eng Zort “Soundtrack” zur Liesung eben.

    Flott, dass de Feedback vun den Net-Lieser och positiv war. D’Iddi fir nach net verëffentlecht Texter an der nächster Liesung ze bréngen fannen ech gutt, iergendwéi hunn ech dat nämlech vermësst, ass mer just beim spontane Réckbléck net opgefall. :)

  3. Leti | 29. December 2007 at 17:26 | Permalink

    Flott daat ze liesen, well dann kann ech mir och mol e Bild maan wéi et sou gelaaf as :)
    an déi 3 hun daat jo dann ganz gutt gema, géing ech mol soen ;)
    De Problem mat der Musék léisst sech léisen, géing ech mol unhuelen… an as och gutt idee!

{ 2 } Trackbacks

  1. Les jeunes mélancoliques | 28. December 2007 at 16:26 | Permalink

    [...] are already two reviews online, one’s by Georges Walther aka bloGeescht, and the other one is by Joël [...]

  2. [...] ersten Fotos und bald wohl auch das Video, das Tom gedreht hat, ansehen. Ausserdem haben Joël und blogeescht das ganze reviewt. Ich bin gespannt auf weitere Reaktionen. (und habe das Gefühl, das ich dem, was [...]

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *