Skip to content

Autosteier Club du Luxembourg

Am Guestbook vum ACL ass momentan en zimlech lächerlechen Hype ëm d’Autosteier amgaangen. Datt d’Autosteier net grad eng Glanzleeschtung (verschiddener menge souguer wéinst der Retroaktivitéit eng illegal Moossnam) vun der Regirung ass muss een net bezweiwelen fir sech trotzdem Froen ze stellen firwat sech lo op eemol masseg Leit bemierkbar maachen, wou Themen wéi Déiererechter oder Iwwerwaachung d’Massen net sou ze mobiliséiere schéngen.

Sou reegt sech den Alain Schwarz, deen 100.000 € an en Auto investéiert huet, iwwer de Supplément vun 300 Euro op, dee säi Spaass “Dramauto” hien elo kaschte soll:

15 laang Joeren hun ech vun mëngem Draamauto gedreemt, an lo ändlech kount ech mir en leeschten (emmerhin iwwer 100.000.- )Deen Auto fiirt nemmen am Summer, also 6 Meint am Joer, am Wanter steht en an der Garage an mescht keen knascht!!! Virdrun hun ech fir 6 Meint 73,75 euro bezuelt. Elo muss ech fir deen Auto, deen nemmen 6 Meint am Joer fiirt, sage und schreibe 365 euro, also iwwer daat 5-facht!
Ass daat dann keng Sauerei???

Den G. René schreift sech säin Dégoût an d’Politik vun der Séil a mécht den Transportminister lo responsabel fir d’Drëps déi d’Faass iwwerlafen deet:

Eis Politiker sëtze jo och um laangen Hiewel, zervéieren sech herrlech all Daag aus der grousser Schossel, liewen op Staatskäschten, a wat se soss nach alles vu Sauerei’en a kromm Touren dréinen, dovunner soen ech léiwer hei nët ze vill. Et ass einfach dégoutant an et geet deck duer. D’Onzefriddenheet am Land klëmmt, an et gëtt Zäit dass ëppes geschidd.

Mëttlerweil si schonn iwwer 1000 Messagen innerhalb vun e puer Deeg am ACL-Guestbook geschriwwe ginn, héchstwahrscheinlech duerch de Lawinen-Effekt via E-Mail, ech huele mol un haaptsächlech vun der Schaff aus un de Bekanntekrees verschéckt. Dofir gëtt och schonn un e Forum a souguer Biergerinitiativ geduecht (Claude Loscheider):

Meng Iddi wor een Forum wou et ausschliesslech drems geet d’Letzebuerger dei mat deser Autosteier net anverstaanen sin ze regroupeieren an sech mol gedanken maan waat eis Meiglechkeeten sin geint des Autosteier unzegoen.
Dofir wär een neien Forum am beschten.
Wei heescht et sou schein “l’union fait la force”.
Als eenzelnen kent een net dogeint un,mee wann d’Majoriteit vun de Bierger hei zu Letzebuerg sech zesummen deet,ech mengen dann keinten mer eppes beweegen.
Virwaat net als unfank e Forum,dann eng Biergerinitiativ asw..

Et sinn awer glécklecherweis och méi kritesch Bäitreeg ze liesen, wéi dësen vum Thierry Federspiel:

Ech fannen et traureg dass esoul vill Leit sech hei anonym Loft maachen an en Toun op den Dag léen déen net ubruecht ass. Dat ass jo alt erem typesch Letzebuerger: deck d´Maul oprappen awer sech hannert faule Buchstaawen verstoppen.
Et ass erschreckend dass der vill hei latent Xenophoben sinn wann ech déi onmeiglechst Kommentaren hei liesen.
An nach eng Kéier: Firwaat get elo hei eng opgefouert, bei engem Organ dén sech fier die réel Problemer vum Automobilist ké Fatz kemmert, oder wees én iergendeppes waat duerch den ACL verbessert gin ass?
Halloooo, d’Autosteier ass seit Januar 2007 a Kraaft, Dier haat also genée 11 an en halwen Mount Zait fier Iech auszerechnen waat et kascht, an eventuel e puer € all Mount op d’Sait ze léen.
Sidd emol éierlech mat Iech selwer: wéivill vun déenen déi sech esou mega opregen hun dann en “normalen” Auto, déen net déifgeluecht mat 3 zoll Auspuff oder opgeblosen chipgetunt mat 315er Pneuen an den Baambesch joggen fiert?
Déi die Q7, X5 & co (fier déi éen menger Meenung no de Camion´s Führerschain misst maachen) fueren an der Meenung eppes fier hier Secherheet ze maachen verstinn ech och net. Denke mer do net e bessi klengkaréiert, no deem Motto ech fier d’éischt an dann laang naischt mei?

Mol kucke wéi laang den ACL dat Spillchen op sengem Website nach gewäerde léisst …

{ 7 } Comments

  1. JP | 25. December 2007 at 3:54 | Permalink

    Offensichtlech huet den Auteur vun desem Artikel nët all Beiträg geliess, oder sëcherlech nët dei aktuellst an dei sachlech ! Ansonsten hätt en erausgeliess, dass den Problem nët d’Tatsaach ass ze bezuelen, mä Tatsach ass op Grond wouvun bezuelt muss ginn.

    Den Sënn an Zweck ass, dass d’Leit d’Ëmwelt manner belaaschten sollen, also manner fueren sollen, an daat am beschten mat mei “properen” Autoen. An daat geet just mom Prinzipp, dass een mei bestrooft gët, waat en mei d’Ëmwelt och mei belaascht also nom Verursacherprinzipp (Principe du pollueur-payeur), deen ansonsten z.B. bei den Recycling Käschten jo och ugewandt gët.

    Fakt ass :

    - en Auto deen nët fiert, mecht keen CO2 (also belaascht d’Ëmwelt nët)
    - den CO2 ass direkt verbonnen mam Verbrauch (well en exclusiv durech d’Verbrennung vum fossilen Sprit entsteht), also waat mei CO2 produzeiert gët, waat och mei Sprit pro KM verbrannt gët
    - mer sollten am Prinzipp all gleich viirum Gesetz sin
    - 1kg CO2 belaascht d’Ëmwelt gleich, egal aus weiengem Auto en kënnt oder mat weiengem Sprit en produzeiert gouf

    Ët kann jo dann nët sinn, dass 2 Bierger, dei den selveschten Auto fueren, wou awer z.B. deen een 10′000km am Joër fiert, deen aaneren 20′000km, deen deen mei fiert manner Beiträg bezillt pro produzeierten kg CO2, also daat selvescht bezillt fiir mei CO2 “därfen produzeiert” ze hun.

    Hei en Beispill wann mer en Auto mat 140g deen mat Benzin fiert als Basis huelen :

    10′000km à 140g = 1′400kg : Steieren sin 84€, daat gët also en Beitrag vun 0.060€ pro kg CO2
    20′000km à 140g = 2′800kg : Steieren sin 84€, daat gët also en Beitrag vun 0.030€ pro kg CO2

    Differenz : 0.030@ pro kg CO2

    Dozou kënnt den Kyoto-Cent (2 cent bei Benzin, 1.25 cent beim Diesel, an ab 1/2008 2.5 cent beim Diesel), wei en esou oft genannt gët, deen ännert awer des Berechnung nët wierklech, den Ënnerscheed pro kg CO2 bleift, d’Beiträg ginn just allebeid liicht an d’luut. Wann mer unhuelen, den Auto geif ca. 8l/100km brauchen, waat an etwa bei 140g hinkënnt. Dann geseit ët esou aus :

    10′000km = 800l Benzin : 84€ 1600cent = 100€ : 0.071€ pro kg CO2
    20′000km = 1600l Benzin : 84€ 3200cent = 116€ : 0.041€ pro kg CO2

    Differenz : 0.030@ pro kg CO2 (onverännert)

    Ët ass also ganz kloer, dest weist inweifern den Grondprinzip vun eiser Gesellschaft hei nët respekteiert gët (mir sinn all gleich viirum Gesetz), waat een mei fiert, waat een verhältnismeisseg manner bezillt, resp. waat een manner fiert, waat een verhältnismeisseg mei bezillt, an daat kann nët den richtegen Message sin !

    Zousätzlech wier eng Besteierung iwert den Sprit och mei sozial :

    - Steid mat klengem Akommes ginn nët sou hefteg 2x d’Joër belaascht, mä progressiv bei all Tank. Sollt des Moosnahm d’Steid mat klengem Akommes zevill belaaschten, keint een desen ähnlech der Heizungszoulag mat enger Bensinszoulag hëllefen.

    - All dei, dei zum CO2 Ausstouss beidroen, deen Lëtzbuerg beim Kyoto Oofkommes ugerechent gët (duerch den Sprit-Verkaaf), geifen hieren Deel dozou beidroen, also och den Durchgangsverkeier, deen dovun profiteiert hei ze tanken, wei och d’Grenzgänger.

    - Mëttelfristesch kaafen d’Leit awer Autoen mat mei engem nidderegen Verbrauch (also mei nidderegen CO2 Ausstouss), well d’Rechnung op der Pompel mei deier gët (an d’Autoen ginn sëcherlech elo weinst den aktuellen Steieren nët am wesentlechen eischter gewiesselt).

    NB: An dest ass keng friemefeindlech Aussoh, d’Grenzgänger droen hieren aktiven Deel zu eisem Wuelstand bei, an profiteieren och vum den mei attraktiven Sprit-Preisser zu Lëtzebuerg, an droen esou zu enger Belaaschtung vun der Ëmwelt bei dei eist Land verursaacht an vertrieden muss vis-à-vis vun den aaneren Kyoto-Signatären. Insoufern sollten Sie sech och un den Kyoto-Moosnahmen mat bedeelegen.

  2. Georges | 26. December 2007 at 22:38 | Permalink

    Ech hunn effektiv net all Beiträg gelies, souvill Zäit wollt ech mer net dofir huelen, ausserdeem hunn ech momentan besser Lektür amgaangen. Natierlech ass et méiglech, dass ech doduerch déi “aktuellst a sachlech Beiträg” net gelies hunn, mä si si jo och net deementspriechend getagged. :)

    Den Auteur vum Kommentar Nr. 1 fir säin Deel huet aus mengem Artikel net erausgelies, firwat ech e geschriwwen hunn:

    Ech wollt net d’Kritik un der Autosteier per se a Fro stellen (dat deiten ech iwweregens och am zweete Saz un). Wat mech wonnert ass de Fait, dass duerch eng E-Mail-Lawin op eemol Jenni a Männi sech dozou verleede léisst, e Guestbook als Protest-Säit ze ge- respektiv mëssbrauchen. Dass den ACL d’Säit mëttlerweil gespaart huet wonnert mech net, ech hat a mengem Artikel jo och ugedeit, dass ech mer eng Reaktioun vum Websäite-Bedreiwer erwaarde géif. E weidere Fait dee mech wonnert ass, dass aner d’Gesellschaft betreffend Themen wéi z.B. d’Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg d’Massen net sou séier mobiliséieren, vun dohier fannen ech d’Art a Weis vun der Reaktioun vum Auto fuerende Vollek um Site vum ACL verhältnisméisseg iwwerdriwwen.

    Dovun ofgesi fannen ech dem JP seng Argumenter zum Sträitobjekt u sech, nämlech der neier Autosteier, richteg an ech stellen esou eng Argumentatioun och net a Fro. Et wier dogéint awer interessant ze wësse wéivill Leit vun deenen, déi am Guestbook hierer Roserei fräie Laf gelooss hunn, effektiv vun der Méiglechkeet profitéiert hu fir per ageschriwwene Bréif Recours géint d’Fixatioun vun der Steier anzeleeën, sou wéi et am Klenggedréckten beim Recalcul dobäi steet. Wann d’Administration des douanes et accises nämlech lo iwwer 2000 ageschriwwe Bréiwer krit, da géif dat wahrscheinlech méi e staarkt Zeeche setzen, wéi d’Polemik am Guestbook vum ACL.

  3. JP | 27. December 2007 at 8:29 | Permalink

    Stëmmt effektiv, dass d’Art & Weis vum deem waat beim ACL am Guestbook geschriwen gouf nët onbedingt glëcklech war, an ech stëmmen och zou, dass den Author vun desem Eintrag den Fong, also d’Kritik un der neier Autosteier, nët an sech kritizeiert huet.

    Waat dei aaner Gesellschaftlech Themen unbelaangt, geif ech folgendes dozou soen :

    Ët gët leider keng organiseiert zentral bekannten Ulaafstell fiir sech kritesch iwert Themen vun der Gesellschaft ze äusseren. An souguer wann munchereen en blog mecht, waat duraus apreciabel ass, ass dest leider neischt wouvun d’Majoriteit vun den Leit wees, dass ët existeiert. An ët ass och leider nët jiddereen bereed, oder fäheg, resp. wëlleg en Lieserbreif ze verfaassen, falls deen dann iwerhaapt publizeiert geif gin, well d’Press hei am Land jo och nët grad Partei-neutral ass. An wei een esou schein seet, sollt een nie d’Hand beissen, dei een fiddert…

    Dest leed mech zum ACL. Ët ass kloer, en Guestbook ass sëcherlech weder en Forum, nach eng Ulaafstell fiir Drock oofzeloosen. Ët ass awer esou, dass dest eng zentral Ulaafstell an deser Saach war, ëm sou mei, dass den ACL jo awer an der Press och nach heich ugekënnescht huet, en geif seng Afekooten preifen loossen, inweifern dei nei Autosteier Verfassungswidereg keint sinn (mam kloeren Statement, dest just an eegener Saach ze maachen an kengesfalls am Numm vun sengen Memberen).

    Dest huet an der Bevölkerung den Wee freigemach, an se huet zum ACL senger Homepage gefouert, wou, mat Ausnahm vum Guestbook, keng aaner Plaatz fiirgesinn ass, seng Meenung ze soen. Dest begrënnt, weisou d’Guestbook ob eemol esou “aktiv” benotzt gouf.

    Wei muncher Member an dem Guestbook vermierkt huet, koum d’Meenung generell op, den ACL sollt sech an deier Saach als Vertrieder vum Lëtzebuergen Autofuerer och fiir hien asetzen, an nët sou “politesch neutral” bleiwen, wei daat den Fall ass, an wei den ACL och via RTL dun nachemol kloergestallt huet. Den ADAC ass an esou Saachen z.B. wesentlech mei “politesch” aktiv, daat scheinen d’Leit hei ze vermëssen.

    Ët waren awer och Memberen der Meenung (eng ganz kloer Minorieteit allerdings, mä ëmmerhin), den ACL sollt d’Fangeren dovun loosen, sie geifen dei nei Steier gudd fannen. Insoufern huet den ACL hei schlecht Kaarten, well aus deem waat hätt keinten eng “finanziell” preiswert Pub fiir den ACL sinn, keint sech och en Problem fiir hien entwëckelen, well munch Memberen kloer geschriwen hun, wann den ACL nët gef sech fiir sie asetzen, geseichen des Memberen nët an, woufiir se dann nach Member geifen bleiwen… An och genau ëmgereint, dei dei ët gudd fannen, dass en neutral bleiwt, geifen austrieden, falls den ACL dann aktiv geif. Ët leit dann un hinnen, ze prognostizeieren, waat an hierem Intérêt ass, keng einfach Saach, fiir nët ze soen, eng Zwëckmillchen fiir sie.

    Als Fazit geif ech just soen, ët sollt een nët, just well dest dei eischten Keier, dass d’Leit sech bemierktbar gemach hun, ët verwerfen oder verurteelen, oder souguer den Leit ët fiirwerfen. Irgend eppes huet jo daat eischt missten sinn, an dest ass nunmol en fläschendeckent Thema, well ween ass schon nët vun der Autosteier betraff ? An d’Ännerung ass jo eclatant, konnt also nët einfach esou onobfälleg duerchgoen, wei z.B. d’Iwerwaachung. An all Ufank ass schweier, domat wëll ech dei eventuell mässeg Qualiteit vun der Kritik entschëllegen.

    Awer ët weist ganz kloer, wann d’Leit eng Meigelechkeet hun, sech onkomplizeiert ze äusseren, an zwar zentral, an nët jiddereen an sengem Eck, funktioneiert daat och.

    Villeicht ass dest schon duerchaus eng wichteg Feststellung ! An an deser Saach sollt sech schon eppes din. Wann ët esou eng Ulaafstell geif, fiir algemeng gesellschaftlech Suergen unzeschwätzen, keint aus dem waat een als Hype keint gesinn en demokratescht Instrument ginn.

    Just a thought.

  4. Georges | 27. December 2007 at 20:07 | Permalink

    > “Ët gët leider keng organiseiert zentral bekannten Ulaafstell fiir sech kritesch iwert Themen vun der Gesellschaft ze äusseren.”

    Dat hängt dovun of, wat een ënner “zentral bekannt” versteet. Sokrates.lu ass z.B. sou ee Portal, deen sech mat der Fuerderung no enger Trennung vu Kierch a Staat an den “zentral bekannten” Medien en Numm gemaacht huet. Do gëtt et iwweregens och mëttlerweil en Forum-Thread zum Thema Autosteier.

    Zum ACL als “zentral Ulafstell an dëser Saach”:

    Ech zitéieren vum Site vum ACL:

    > “Ayant constaté des tentatives de récupération politique de la position de l’ACL à l’égard de la taxe sur les véhicules automoteurs, nous tenons à réaffirmer formellement notre attachement à notre indépendance et à notre neutralité politique.

    À aucun moment notre association ne souhaite s’engager sur la voie d’une polémique stérile, mais cherche, au contraire, à promouvoir un débat libre et serein.

    De ce fait, à travers notre « guestbook » qui est accessible sur le site http://www.acl.lu , l’ACL veut offrir à tous ses membres l’occasion de s’exprimer de façon constructive et dans le respect de l’autre. Le but de ce forum étant de permettre à chacun de faire part de ses préoccupations et de recueillir tous les avis, aussi divergents soient-ils, afin de les rassembler dans un catalogue de propositions qui constitueront autant de pistes pour les futures discussions avec les décideurs.”

    Den ACL wëll also en “débat libre et serein”, an “de façon constructive et dans le respect de l’autre”. Gläichzäiteg bezeechent en säi “Guestbook” als “forum” (wat et net ass) op deem e Katalog mat Propositiounen gesammelt gi soll. Jiddereen deen eng kleng Ahnung vun Internet huet, weess, dass sech do all Méigleches rëmtummelt an dass sou ee “forum” ouni Moderator éischter de Contraire vun deem abréngt wéi si sech erwaart hunn. Entweder et ergräift een eng Positioun an ermontert d’Leit dann online matzemaachen (z.B. Petitioun oder richtege Forum) oder et léisst een et sinn. Sech hannert dem Deckmantel vun der “politescher Neutralitéit” ze verstoppen an da vun de Leit respektiv Memberen fuerderen aktiv ze ginn, dat fannen ech lächerlech, domat schléit eng Associatioun jo anengems vir, dass et och ouni si geet. Wann awer duerch d’Oppositioun vun de Leit eng Ännerung komme géif, da wier d’Associatioun sech natierlech net ze schued, sech als Initiator dovun duerzestellen.

    Fir mech ass den ACL als zentral Ulafstell an dëser Saach also net glafwierdeg. Als (nach) Member hunn ech mer och virun dem Autosteier-Hype mol schonn d’Fro gestallt, ob dee Club haaptsächlech am Dingscht vun der Auto-Lobby oder vum Fuerer steet. Den Numm weist leider op di éischt Méiglechkeet hin.

    An dass och eppes erreecht ka ginn, wa sech e puer Privat-Persounen zesummendinn fir e gesellschaftspoliteschen Dossier unzepaken wou et op d’Mobilisatioun vun der Ëffentlechkeet ukënnt, hu virun engem Joer d’Mënschen mat Muppen mat hierer Web-Initiav Muppegesetz bewisen.

  5. JP | 27. December 2007 at 20:41 | Permalink

    > “Sech hannert dem Deckmantel vun der “politescher Neutralitéit” ze verstoppen an da vun de Leit respektiv Memberen fuerderen aktiv ze ginn, dat fannen ech lächerlech, domat schléit eng Associatioun jo anengems vir, dass et och ouni si geet. Wann awer duerch d’Oppositioun vun de Leit eng Ännerung komme géif, da wier d’Associatioun sech natierlech net ze schued, sech als Initiator dovun duerzestellen.”

    Daat ass richteg. Dei Positioun geif ech effektiv eischter als opporunistesch wei als neutral bezeechnen. Wann sech dei Saach positiv entwëckelt, kënnen se dovun profiteiren, wann nët, haaten se jo och neischt direkt domat ze din.

    Allerdings keinten se sech awer och domat esou oder esou eng partie Memberen vergrauelen, an daat keint hinnen awer nach Leed doen … mol kucken wei sech DEI Saach entwëckelt.

    > “Fir mech ass den ACL als zentral Ulafstell an dëser Saach also net glafwierdeg.”

    Deem stëmmen ech effektiv och zou. Ech haat och mat “zentral Ulafstell” nët onbedingt gemengt, dass ët eng “qualifizeiert Ulaafstell” wier, just awer eben eng “bekannten”, well ween kennt den ACL nët ? An am Radio an op der Tele gouf jo vum ACL an sengem Guestbook geschwaat, vun aaneren Site eben leider nët. Insoufern war ët logesch, dass sech den “Hype” dohin geif beweegen :-)

    Insoufern ass ët eng valabel Quell dei Leit, dei sérieux iwert daat Thema wëllen discuteieren, op en Site ze brengen, wou daat richteg meigelech ass. Leider ass daat bis elo nët geschitt.

    Den Site http://www.13st.eu huet sech zu engem klengen Forum entwëckelt, wou eben gleichgesënnter sech begeinen, allerdings ass daat just eng Handvoll…

    > “Sokrates.lu”

    Deen Site ass mer leider effektiv nët bekannt gewiecht. Ech sinn keen Internet-scheien Matbierger, eischter den Geigendeel als Informatiker. Ech färten awer just, dass ët villen esou ergeet ewei mier, falls ët esou Siten gët, kennen dei manst se, an daat fannen ech schued !

    Schued ass och, wann ët deier Siten mei gët, dann verdënnt sech dei ganz Diskussioun, an daat gët dann och neischt.

    Eng Fro bleift mer, ween stëcht dann eigentlech hannert “Sokrates.lu” ?

  6. Georges | 28. December 2007 at 0:44 | Permalink

    > “Allerdings keinten se sech awer och domat esou oder esou eng partie Memberen vergrauelen, an daat keint hinnen awer nach Leed doen … mol kucken wei sech DEI Saach entwëckelt.”

    Den ACL ass wat d’Zuel vun de Memberen ugeet sécher eng vun de gréissten, wann net déi gréissten Associatioun am Land. Vun dohier wäert en, egal wéi DEI Saach ausgeet wuel net zevill Schued dovundroen.

    > “Ech haat och mat “zentral Ulafstell” nët onbedingt gemengt, dass ët eng “qualifizeiert Ulaafstell” wier, just awer eben eng “bekannten”, well ween kennt den ACL nët ?”

    Bekannt ass den ACL effektiv, awer net fir en zäitgemässen respektiv fortschrëttleche Web-Optrëtt, mä do ass e jo zu Lëtzebuerg a gudder Gesellschaft, et brauch een nëmmen un deen gréisste Verlag a säi Produit Wahr phare ze denken. ;)

    zu Sokrates.lu: dohannert stécht eng Grupp Studenten (op der Säit Wir über uns nozeliesen). Si haten hire Projet och schonn an der Revue virgestallt, ech weess awer net ob Saint-Paul hinnen och scho Beuechtung geschenkt huet. Et géif mech op jidde Fall wonneren vu que dass si am Bündnis Trennung.lu mat dra sinn.

    Mat der Entwécklung vum Internet ginn et ganz bestëmmt net manner där Plattformen an Zukunft, an dass dat net onbedéngt positiv ass (”dann verdënnt sech dei ganz Diskussioun”), deem stëmmen ech zou. Mä dat ass och schonn ëmmer de Fall an der Politik gewiescht, en aktuellt Beispill ass de lénke Bord. Ech denken awer, dass Initiativen déi gutt organiséiert sinn an en éierlecht Uleies hunn, sech aus der Mass ervirhiewe kënnen. :)

  7. JP | 2. January 2008 at 23:21 | Permalink

    Gudden owend,

    Bei deser Geleegenheet profiterieren ech, hei jidderengen en gudd neit Joër ze wënschen, an besonneg och eng gudd Gesondheet !

    Ech hun eng Analyse zum Thema Auto-Steier geschriwen, dei wollt ech den Lieser vun desem Site nët viirenthaalen.

    Se ass op folgender Adress ze fannen :

    http://www.homepages.lu/rasquin/nouvelletaxevehicules.pdf

    Bis dann, JP.

{ 1 } Trackback

  1. bloGeescht : Steigender Ölpreis | 10. May 2008 at 0:39 | Permalink

    [...] was sagt unser Autosteuer Club dazu? “Es gilt wirklich jetzt heute – und das ist ganz klar für die nächsten 20 [...]

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *