Skip to content

Angscht a Schrecken

Lo si scho bal 3 Méint vergaangen, nodeems ech annoncéiert hat, ech géif vum Fireball sengem beschtbekannte Podcast Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg – Fear and Loathing in Luxembourg eng Rezensioun schreiwen. Well ech awer anescht wéi beim Thierry sengem Podcast Bouneschlupp d’Episoden net am iTunes abonnéiert hat, war dëse Post op menger To-do-Lëscht zimlech wäit ënne geland a mer réischt duerch dem Joël seng Nofro op eisem Bloggertreffen rëm an Erënnerung geruff. Wéi de Joël an den Thierry mer dunn erkläert haten, wéi ech de Podcast “Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg” an den iTunes importéiere kann, stoung der bequemer Écoute via iPod näischt méi am Wee.

Well ech de leschten Dënschdeg den éischte Rendez-vous mat mengem mëttlerweil 3,5 Joer alen Auto an der Kontrollstatioun zu Esch-Uelzecht hat, war dat den ideale Moment fir mam Lauschtere vun “Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg” unzefänken. Wann engem nämlech déi zwéi Gesellen Angscht a Schrecken, ëm déi et an all Folleg vum Joël sengem Podcast geet, éischter wéi Ingredienzen vun engem Horrorfilm virkommen, an ee sech net virstelle kann, se an engem Klengstaat dee scho joerelaang vu Politiker regéiert gëtt, déi sech um séchere Wee befannen der Meenung sinn, si géife sech um séchere Wee befannen, ze begéinen, dann ass déi national Kontrollstatioun nieft der Schueberfouer bestëmmt eng vun de Plazen zu Lëtzebuerg wou et schwéier ass, hinnen net ze begéinen.

Obschonn ech jo e Rendez-vous hat an och pünktlech war, ass et mer gelongen, véier Episode vun A&S ze lauschteren ier ech iwwerhaapt gréng Luucht hat fir mat mengem Auto an di ominös Hal eranzefueren. D’Experienz vun der Duerchfahrt duerch di Escher Kontrollstatioun ass mer zwar net onbekannt, a well mäi Moto jo schonn am Joeresrhythmus dohinner muss, war et dëst Joer souguer déi zweete Kéier innerhalb vu 4 Wochen, dass ech déi Fahrt op Canossa op mech geholl hunn. Dee beschte Beweis, dass d’Kontrollstatiounen net déi beléifste Plaze sinn, wouhin ee mat sengem Auto oder Moto fuere wëll, ass wéi sou oft zu Lëtzebuerg e wirtschaftlechen: Et gëtt nämlech mëttlerweil eng ganz Partie Entreprisen, déi fir méi oder manner deiert Geld de Propriétaire vu motoriséierte Gefierer de Service ubidden, an hirer Plaz mam convoquéierte Gefier an d’Kontrollstatioun ze fueren.

Wéi ech dunn also no eppes méi wéi 20 Minutten dobaussen an der File waarden endlech an d’Hal eragefuer war, an där d’Loft, trotz Warnschëlder de Motor beim Waarden auszeschalten a Schläich déi all Camion beim Rafueren an d’Hal direkt un den Auspuff geklemmt kritt, zimlech ongesond gericht huet, hunn ech mer wéi all Kéier d’Fro gestallt, ob déi Leit déi dagdeeglech op där Plaz schaffe mussen eigentlech eng speziell Krankeversécherung hunn. D’Impressioun, dass di meescht vun hinnen éischter onzefridden a verschiddener souguer onfrëndlech drakucken, schwätzt eigentlech éischter dogéint.

Nodeem s ech et bis bei déi zweetlescht Statioun (op der Fosse) gepackt hat, muss et iergendwéi an der Hal gebimmelt hunn, an dee betreffende Mécanicien (deen iwweregens ganz frëndlech war, wat bestëmmt domat ze dinn huet, dass hien ee vun deenen ass déi net onzefridden drakucken) huet mer matgedeelt, dass ech lo awer leider grad an d’Paus ragerode wier an e bësse waarde misst, wourop hien a seng Kollegen dunn einfach all an engem Raum verschwonne sinn, dee wahrscheinlech mat enger Loftschleis vun der Hal getrennt war. Ech hu séier rëm mäin iPod ugeschalt, well et war mer wéi wann Angscht a Schrecken héchstperséinlech sou lues un d’Fënster vu mengem Auto klappe géifen, sou dass ech séier d’Säitefënster zougemaacht hu fir méiglechst wéineg vun deenen ongesonde Gase wéinstens net direkt anootmen ze mussen. Ech hu mech missen oflenken, well de Mann am bloe Kittel mer just vun enger Paus geschwat hat, net awer wéi laang déi Paus dann elo dauere géif. Wann een allerdéngs an enger Hal vun der SNCT festsëtzt a sech dobäi nach eng Reportage aus enger versiffter Hippiedisko ulauschtert, da riskéiert een eng ganz normal Aarbechtspaus an engem Staatsbetrib op eemol fir eppes Obskures ze halen, wéi z.B. eng mat psychedelescher Musek ënnermoolte schwaarz Mass, an där d’Männer an de bloe Kittelen deem ëmmer erëm am A&S-Podcast optauchenden Toni huldege ginn, nodeem d’Anootme vun engem Gemësch vu Gase mat ë.a. Kuelemonoxid si an en Zoustand versat huet, dat héchstens vun den Droge vun deem net manner oft am A&S-Podcast virkommende Rastamann erreecht kéint ginn.

Domat sinn ech dann endlech am Kär-Beräich vu menger Rezensioun ukomm. A&S ass e Podcast deen den Nolauschterer net méi lass léisst wann e bis ee gewësse Quantum dovun eran huet, et kéint een am Fong och soen, dass zevill A&S-Consommatioun innerhalb vu kuerzer Zäit süchteg mécht Schlofstéierunge provozéiere kann. Nodeem s ech mer mëttlerweil all d’A&S-Episoden bis op di 10 éischt (déi ech net via iTunes erfogelude kréien, vläicht befannen déi sech jo an engem anere Feed) ugelauschtert hunn, weess ech nach ëmmer net wien den Toni an de Rastamann ass. Mä dat hängt vläicht vun enger Bildungslück of, déi de Gonzo-Journalist vun A&S mer bewosst gemaacht huet: Ech hu weder dem Thompson säi Buch gelies, nach hunn ech de Film gesinn, deem seng Crew eleng schonn den DVD derwäert mécht fir en op meng Wonschlëscht ze setzen.

Et soll awer doraus net gefolgert ginn, et sollt ee sech A&S just ulauschteren fir gewuer ze ginn, wien den Toni an/oder de Rastamann sinn/ass. Dat géif nämlech bedeiten, de Subtilitéiten vun deem Podcast, dee jo schliisslech A&S zu Lëtzebuerg heescht, net Rechnung ze droen. Wéi een an der Episode-Lëscht séier erausfënnt, steet ëmmer e bestëmmtent Erliefnis oder Evenement am Mëttelpunkt vun all Folleg. Et gëtt een also och Saachen, déi zu Lëtzebuerg stattfonnt hunn, ënnert engem anere Bléckwénkel wéi deem vun der Net-Gonzo-Press gewuer, wat duerchaus erfrëschend ass.

{ 2 } Comments

  1. Fireball | 26. August 2007 at 12:12 | Permalink

    Merci fir den Review! :)
    Déi 10 eischt Folgen sin nie an engem Feed geland, well ech se nie bei switchpod eropgelueden hun. Daat ass e bessi blöd, mee op den Ipod kanns de se trotzdem kreien. An der Episodenlescht eben se auswiehelen an dann mat rietsklick “Ziel speichern unter” eroflueden an dann op den Ipod lueden. Misst klappen.

    Op der Sich nom Rastamann sin ech och, an wenn den Toni ass… hui, ech mengen, daat kann ech leider nie verroden. Vlaischt fennt en et irgendwann eng Keier raus. Wann den Toni well.

  2. Georges | 26. August 2007 at 19:16 | Permalink

    Gär geschitt, huet Spaass gemaacht, dëse Review. :)
    Ech hunn eigentlech réischt duerch däi Podcast gemierkt, dass ech selwer och genuch Uläss hätt fir iwwer A&S zu Lëtzebuerg ze schreiwen. Well ech et awer wuel kaum besser maache kinnt wéi s du, loossen ech et mol léiwer sinn. ;)

    Wat di 10 éischt Episoden ubelaangt, déi kann ech mer bei Geleegenheet och online ulauschteren wann et mam Transfert op den iPod net klappe sollt.

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *