Wéi ech 2005 duerch iTunes op d’Podcasts opmierksam gi sinn, ass mer och ee lëtzebuergesche Podcast opgefall deen ech dunn och direkt ugelauschtert an abonnéiert hunn.
Notamment den Numm “Bouneschlupp” war mer vun Ufank u sympathesch, huet en dach Kandheetserënnerunge bei mir erwächt. Déi beschte Bouneschlupp déi ech jee giess hunn, war nämlech déi vu menger Bom(a), déi ech meeschtens zesumme mat der ganzer Famill bei hier an der Stuff genéisse konnt. Dës Zopp huet mer iwweregens och deen éischte Kontakt mam Wäin erméiglecht, well mäi Papp (de Kellermeeschter) mir vun 12 Joer un (wann ech mech richteg erënneren) erlaabt huet, een Iessläffel Elbling an d’Bouneschlupp bäizeginn, wat de Goût vun där exzellenter kulinarescher Kreatioun vu menger Bom ervirgestrach huet :) .
De Podcast Bouneschlupp ass zënter sengem Start am September 2005 mat méi oder manner Regelméissegkeet a bis elo 31 Editiounen erauskomm déi ech mer am Réckwäertsgank amgaange sinn unzelauschteren oder rëm nei ze entdecken. Obwuel ech d’Bouneschlupp am iTunes abonnéiert hunn, kann ech bis elo awer net behaapten e regelméissegen Nolauschterer gewiescht ze sinn. Ech hat nämlech keng Gewunnecht, Podcasten ze lauschteren, zumools et sech bei deene Podcasten déi mech interesséieren net ëm Émissiounen handelt déi just als sonoren Hannergrond geduecht sinn. An der Lescht hunn ech mer awer ugewinnt, bei Spazéiergäng wou ech eleng mam Momo ënnerwee sinn, mäin iPod matzehuelen an esou sinn ech ë.a. gewuer ginn wat den Red Nose Day ass, wéi Studenten a Wales d’Buch gerett hunn, dass den Al Gore en hypokritesche Priedeger ass (dat hat mech zwar net weider verwonnert, schliisslech war hie Politiker an dann och nach US-amerikaneschen), wéi Vältesdag a Japan gefeiert gëtt, wéi prominent verschidden Intello’e sinn awer och méi eescht Themen wéi eng Kritik iwwer d’TV-Serie Human Trafficking.
Well ech an Zukunft also méi Zäit mat Podcast-lauschtere verbrénge wëll, hunn ech mol eng Podcast-Rubrik a menge Links bäigesat, wou ech nieft dem Thierry senger Bouneschlupp mol nach dem Fireball säi Podcast verlinken. Dozou dann eng aner Kéier e Review.







{ 4 } Comments
Villmols merci fir d’Kritik / d’Reklamm! :) Lo wou ech mat der Uni färdeg sin fir dest Joër a schaffe gin wert ech och erem méi oft Zäit hun mech no Feierowend wéinstens eemol d’Woch dohinzesetzen an eng opzehuelen. :)
Gär geschitt, ech fannen d’Bouneschlupp wierklech gutt. :) Wat ech nach vergiess hat: d’Musek déi s du dra spills huet mäi Goût nawell meeschtens getraff, och e Grond fir abonnéiert ze bleiwen.
Ech hunn awer festgestallt dass d’Bouneschlupp net sou oft kommentéiert gëtt wéi däi Blog. Erwaart der mol nach e puer Comments vu mir. Hu jo schonn etlech Episoden an der Lescht gelauschtert, hat awer net d’Zäit fir och nach dohi posten ze goen.
Merci fir de Link an domadder d’Reklamm! Ech freen mech schon op den Review vun Angscht a Schrecken! :)
Freet mech dass d’Musék der och gefällt, dass nämlech mengen ech dat heikelst fir de Gout vun de Leit ze treffen.
Ech mengen dat ass normal, déi meescht Leit lueden et am iTunes oder soss engem Podcatcher erof an lauschteren et, dann hu se net onbedengt de Reflex nach extra den Site unzewielen. Beim Blog musse se d’Säit jo souwisou lueden fir et ze liesen dann geet kommentéieren och méi séier. Ech kréien dofir awer per IM (oder lo jo souguer hei am Blog) oft Feedback. :) Ech freen mech schon op deng Kommentarer!
{ 1 } Trackback
[...] si scho bal 3 Méint vergaangen, nodeems ech annoncéiert hat, ech géif vum Fireball sengem beschtbekannte Podcast Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg – [...]
Post a Comment